Verbandskëscht Professionnel Krankefleeg an Hëllef doheem - Soins & aides à domicile
Bei dëser Präsentatioun stellen mir iech d’Verbandskëscht fir.
Dir gitt gewuer weieng Servicer mir ubidden fir iech bei den Aktivitéiten am deeglechen Liewen ze ënnërstetzen.
Dozou gehéieren zum Beispill:
- Hëllef bei der Kierperfleeg
- Hëllef beim Iessen
- Garden
- Begleeden beim Akafen
- An villes méi
Ausserdeem hun mir eng gutt forméiert Ekipp vun Infirmier(èren) déi iech all Zorten vun Prestatiounen op Ordonnance kennen ubidden wei zum Beispill:
- Verbänn (oppe Been, diabeteschen Féiss, chronesch Wonnen, Post-operativ Wonnen…)
- Injektiounen, Perfusiounen
- Bluttzocker moossen
- Preparatioun an Verdeelen vun den Medikamenter
- asw
Awer och vill aner Servicer kennen mir iech ubidden déi et Iech erméiglechen sou laang wei méiglech doheem ze liewen. Zu eiser „Rundum Betreiung“ gehéieren den Repas sur roues, eng Ekipp vun Kinéen an enger Psychologin, eng Pédicure an och vill aner kleng Arbeschten kennen mir fir iech organiséieren.
Ganz nom Motto „leet ären Kapp a rou“ stinn eis Coordinateuren iech bei Säit fir déi adaptéiert Hëllefen ze plangen an iwwerhuelen all déi administrativ Demarchen fir iech.
Dir sidd vierwelzeg, dann kommt op eis Konferenz, wou et eis eng Freed wäert sinn, iech eng Äntwert op all är Froen ze gin.
Vital an Aktiv rue de l’école agricole ETTELBRÜCK +352 26 813 743 Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!