BLEITF DOHEEM A BLEIFT GESOND

  • NEWS

Léif Frënn vum Club Senior Nordstad,

d’Coronakriis huet d’ganz Welt verännert an och eis Aktivitéiten am Club Senior Nordstad sinn natierlech dovunner betraff.

Laut den leschten Informatiounen vun eiser Regierung vum 15. Abrëll 2020 bleiwen Versammlungen bis den 31. Juli 2020 verbueden an och d’Sportsinfrastrukturen bleiwen viraussiichtlech bis dohinner zou.

Dat bedeit,

dat mir och bis dohinner näischt däerfen organiséieren, wou mer eis perséinlech kënnen begéinen an och all eis Coursen, Ausflich, Reesen etc. aus der aktueller Broschüre kënnen net stattfannen. Fir nees däerfen unzefänken brauchen mir eng offiziell Geneemegung vun eiser Regierung.

Mir verstinn Är Enttäuschung, déi mir selwer och sou empfannen, mee mir mussen eis un des Virschrëften halen.

Ob Grond vun dëser Onsécherheet punkto Plangen wäerten mir och am Juni keng nei Broschüre verschécken, mee mir hoffen dat et méiglech wäert sinn ee Programm fir September-Dezember 2020 erauszebréngen.

Mir wënschen Iech alleguer weiderhin vill Courage an Ausdauer des schwiereg Zäit ze iwwerstoen.

Per Telefon SENIORENTELEFON NORDSTAD Telefon: 2681 3743

per E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! an iwwer

Facebook https://www.facebook.com/ClubSeniorNordstad/

sinn mir awer weiderhin fir Iech do.

Och de flotte Projet KEEP ON SMILING 😊 hält eis hoffentlech ee bëssen zesummen an mir wieren ganz frou, wann Dir Iech bedeelegt an mir eng Foto vun Iech däerfen maachen.

An dem Sënn wënschen mir Iech alles Guddes a bleift gesond


Barbara, Tom, Daniela a Myriam

 BLEIFT DOHEEM A BLEIFT GESOND

Copyright Vital an Aktiv

Web Design by media4all.lu

vital an aktiv logo inverse

Vital an Aktiv
rue de l’école agricole
ETTELBRÜCK
+352 26 813 743
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!